Upcoming MatchFC Blo-Waiss Izeg vs CS Grevenmacher/27. September 2020/Stade Albert Kongs

Nach dem Trainer, richtet sich auch der Präsident an die Wegbegleiter des CSG

Léif Frënn vum CS Gréiwemaacher,
Léif Spiller*innen vum CSG,

Virun 14 Deeg (13.03) ass deen éischten kompletten Fussball-Spilldaag fir Jugend- an Seniorspiller*innen vun de FLF wéinst enger extrem usteechbarer Viruskrankheet,  den COVID-19 Coronavirus,  oofgesoot gin.
Glaichzaïteg hunn eng ganz Reih vun aaneren Sportsverbänn déi selwescht Decisioun geholl,  an daat alles am Sënn fir Gesondheet vun de Sportler*innen, Supporter, Dirigenten, ……..  ze schützen.

Saït leschte Mëttwoch ass de Fussballchampionnat bis den 27. Abrëll op Aïs geluecht. Mir all vum CSG wësse jo bestens wéi schwéier et ass ouni Fussball ze liewen. Awer an dëser schlëmmen Zait muss jiddereen agestoen, dass de Fussball sekondär ass am Verglach mat där aussergewéinlecher gesondheetlecher a wirtschaflecher Situatioun déi am Moment an eisem Land herrscht.

Wichteg ass, datt mir alleguer elo zesummenhaalen, e puer Gäng zeréckschalten, vill Disziplin a Solidaritéit beweisen fir spéider erëm zesummen ze sinn an eis Freed beim Fussball ze hunn:  Um Training, bei de Mätcher an duerno an der Buvette.

Als Präsident vum CSG an am Numm vun all mengen Comité’s  Memberen,  wënschen ech eech all eng gutt Gesondheet a vill Courage an dëser aussergewéinlecher Situatioun.
Hoffentlech gesi mir iis all sou schnell wéi  méiglech um Stade “Op Flohr” erëm.

Einstweilen heescht et   “MIR BLEIWEN DOHEEM”
awer duerno ass et erëm   “ EMOOL MAACHER, EMMER MAACHER”.

Guy Fusenig an Memberen vum Comité vum CSG

Text Widget

Nulla vitae elit libero, a pharetra augue. Nulla vitae elit libero, a pharetra augue. Nulla vitae elit libero, a pharetra augue. Donec sed odio dui. Etiam porta sem malesuada.

Recent News

Neueste Kommentare

    Recent Works