Upcoming MatchCSG vs Erpeldange/29. Oktober 2021/Stade op Flohr
#allezdéiBlo

Ruhe in Frieden, Denis!

Der Vorstand vom CS Grevenmacher hat die traurige Pflicht den Tod von Denis Pfeiffer bekanntzugeben. Denis war von 2011 bis 2014 Co-Trainer vom CSG und dies unter Marc Thomé.

Mitteilung vom Verein:

“Maach et gutt, Denis!

Den Denis Pfeiffer huet eis verlooss. Eise Co-Trainer, deen de Marc Thomé vun 2011 bis 2014 assistéiert huet, huet säi leschte Kampf en Dënschde verluer.

Den Denis war e joviale Mënsch, ëmmer fir deen aneren do, liewensfrou, sympathesch & hat och ausserhalb vum Fussball en oppent Ouer fir Leit.

Um Terrain huet hie senger Leidenschaft, dem Fussball, fräie Laf gelooss. Mir erënneren eis gären un deng Zäit bei eis a behalen dech a ganz gudder Erënnerung. Ee Bild, dat am Kapp hänke bleift, ass vun 2012, wou den Hussen Dan eis op der Fola an der Nospillzäit a Richtung Europa gekäppt huet. Du hues no deem Match mat der Ekipp a mat de Supporter gefeiert, wéi e klengt Kannt. Wéi wann s du selwer gespillt häss. Deng Freed huet ugestach.

Och wann s du däi leschte Kampf verluer hues, sou bleifs du fir eis ëmmer e Kämpfer & virun allem e Gewënner!

Dem Denis senger Famill a senge Kolleegen drécke mir eis déifstent Matgefill aus.

De Kommitee vum CSG”